
Ex-politician Roberto Traversini is accused of, during his time as Differdange mayor, violating laws on communal planning and issuing non-compliant building permits.
Earlier in November the 57-year-old was fined €2,000 after a couple from Niederkorn took him to the Esch-sur-Alzette court.
Traversini had issued a building permit in November 2015 for a large residence in close proximity to the couple’s home. The municipality’s technical department assured them that distance between homes would be respected, but as the stories grew the new building blocked out all the sunshine.
The couple turned on the town council in March 2017, with Traversini promising them he would contact the company in charge of construction and have them speak to the couple. The company proposed alternative arrangements, which the couple did not agree with.
In court, the couple argued that a new building would require 3 meter lateral distance, but that in reality it was only 1,65m. Traversini, for his part, stated that he had trusted the report of the building commission, as he issued the permit. The judge ruled that the 3 meter distance had not been respected with the new residence.
Accordingly, Traversini had violated articles of the 2004 law on communal planning and articles of the PAG and the building regulations of the municipality of Differdange. The ex-mayor was fined €2,000, and an architect was called to quantify the couple’s damage with regards to the loss of value of their home. Traversini is expected in court on Wednesday.
The controversial garden shed affair in 2019 led to the resignation of ex-Differdange mayor and MP Roberto Traversini. The controversy surrounded a 30-acre plot in the Prënzebierg nature reserve, which Traversini had allegedly bulldozed without permission to build a terrace and garden shed.
Dat wäert sech dës Woch änneren. E Mëttwoch muss sech de 57 Joer alen Ex-Politiker nämlech um Stater Geriicht wéinst enger anerer Affär veräntweren. Um Escher Policegeriicht gouf hien dowéinst am November zu enger Geldstrof vun 2.000 Euro condamnéiert. De viregte Gemengepapp vun der drëttgréisster Stad vum Land war vun enger eelerer Koppel vun Nidderkuer virun d’Justiz zitéiert ginn.
An zwar opgrond vum Virworf, de Roberto Traversini hätt als deemolege Buergermeeschter géint en Artikel vum Gesetz vun 2004 iwwer ënnert anerem den Aménagement communal a géint en Artikel vum Bautereglement verstouss. Dat andeems hien am November 2015 eng net-konform Baugeneemegung fir eng grouss Residence an direkter Noperschaft zum Haus vun de Leit ausgestallt hätt. D’Koppel hat vun Ufank un net genuch Ofstand monéiert, vu dass den technesche Service vun der Gemeng hir awer verséchert hat, dee Recul wär respektéiert, waren d’Leit net op d’Verwaltungsgeriicht gaangen. Well d’Koppel duerch den Neibau keng Sonn méi hannenaus krut, hat si de Gemengepapp am Mäerz 2017 ageschalt. De Roberto Traversini hat hinnen du gesot, hie géif d’zoustänneg Firma kontaktéieren, fir dass déi mat hinne schwätze géif. Bei enger Reunioun kuerz drop vun alle Parteien hat d’Sàrl Amenagementer virgeschloen. Enn Mäerz 2017 bei enger Visite des lieux bei der Koppel doheem war déi allerdéngs net mat deene Proposen d’accord.
Um Escher Policegeriicht hat d’Koppel argumentéiert, et wären 3 Meter säitlechen Ofstand néideg, a Wierklechkeet wären et awer nëmmen 1 Meter 65 bis 2 Meter 40. Den Ex-Buergermeeschter sengersäits hat erkläert, hien hätt dem Rapport vun der Bautekommissioun vertraut, wéi hien d’Baugeneemegung ausgestallt hat. D’Riichterin hat festgehalen, dass déi 3 Meter Recul latéral duerch den Neibau net respektéiert wären. De Roberto Traversini hätt deemno géint Artikele vum Gesetz vun 2004 iwwer ënnert anerem den Aménagement communal a géint Artikele vum PAG a vum Bautereglement vun der Gemeng Déifferdeng verstouss. Woufir eben eng Geldstrof vun 2.000 Euro gesprach gouf, mä kee Rétablissement des lieux. Et gouf allerdéngs en Architekt als Expert genannt, fir de Schued vun der Koppel ze chiffréieren, ënnert anerem duerch d’Moins-value vun hirem Haus.